Droits des enfants Kanner a brutal Biller am Internet De Gilbert Pregno um RTL

An de leschte Wochen gi Kanner a Jugendlecher online dacks mat brutale Biller aus dem Konflikt am Noen Oste konfrontéiert. Och op de social Media Plattforme gëtt et Krich, wann och vun enger anerer Zort.

Effektiv fënnt een hei eng helle Wull u bestialesche Publikatiounen, Biller a virun allem Videoen vun der Terrorattack vun der Hamas an aus der Gazasträif. Vill vun dëse Biller kënnen net nëmmen erwuesse Leit traumatiséiere mee och, an nach vill méi, Kanner an Teenager. D'Symptomer kënnen do ganz ënnerschiddlech sinn.

Dernière modification le