ASILE ET IMMIGRATION Musse sougenannten Dubliner logéiert ginn? Interview mam Frank Wies um 100,7

"D’lescht Woch huet d’Verwaltungsgeriicht en éischt Urteel am Fall vun engem sougenannten Dubliner gesprach. De Mann, deen eleng op der Flucht ass, a schonn an engem aneren europäesche Land eng Asylprozedur ugefaangen huet, muss vum lëtzebuergesche Staat en Daach iwwer dem Kapp kréien. Dat, nodeems zanter leschtem Oktober männlech Refugiéen, déi eleng reesen, net méi automatesch direkt eng Plaz an enger Hebergementsstruktur kréien, mee op eng Waardelëscht kommen an domat op der Strooss sëtzen".

Aktualiséiert